Category ArchiveUncategorised

Jota-Joti Weekend zu Steesel

Zesumme mat de Wëll Säi (FNEL Grupp vu Steesel) hu mer de Weekend vum 21. an 22. Oktober um Jota-Joti (Jamboree on the Air – Jamboree on the Internet) deelgeholl wou wier mat Scouten op der ganzer Welt per Funk an Chat kommunizéiert hunn.

Jota-Joti

Gruppefoto vum Jota-Joti

 

Porte Ouverte 2017


D’LGS Walfer invitéieren iech härzlech op hier Porte-Ouverte e Samsteg, den 28. Oktober vu 17:30 un an hierem Chalet. Mir wëllen iech weisen, wat mir an de Scouten sou maachen, dofir ass fir Spill, Spaass an engem relaxe Kader gesuergt. Ausserdeem weise mer nach Photoen vun eisen Aktivitéiten aus dem leschte Joer. Fir Iessen a Gedrénks ass gesuergt. Et gëtt Pakalu, wou dir kënnt eng grouss Portioun fir 12€ an eng kleng fir 8€ bestellen. Mellt iech w.e.g. dofir hei (https://walfer.lgs.lu/events/porte-ouverte-2017/) un. Bezuelt gëtt da sur place. Venez nombreux! 🙂

Neit Scoutsjoer

Mat der Schoulvakanz déi soulues op en Enn geet fänkt och elo gläich rem dat neit Scoutsjoer un.
Hei déi genee Startdaten vun der éischter Versammlung:

Branche Datum Auerzait
Wëllefcher 16/09/17 14:00-16:00
AvEx 16/09/17 18:30-20:00
CaraPio 30/09/17 16:30-18:30
RaRo 16/09/17 20:00-22:00

Scoutskiermes de 9. Juli

D’Walfer Guiden a Scouten an d’Frënn vun de Walfer Guiden a Scouten invitéieren op hir Scoutskiermes Sonndes, den 09.07.2015 vun 11.30 Auer un am Walfer Guiden- a Scoutschalet Gegrilltes, Zaloten, Dessert a Gedrenks Scoutsanimatioun fir Kanner Ecran fir den Tour de France ze kucken.

Chefweekend zu Nidderkolpesch

De Weekend vum 21. bis den 23. Abrëll hate mir eis als Chef mol Zäit geholl, e Weekend ënnert eis ze verbréngen. Dee wonnerschéine AGGL-Chalet vu Nidderkolpesch um nordwestleche Rand vun eisem Ländchen war dofir ideal gëeegent. Um Programm stoungen divers Gruppenaktivitéiten, e.a. eng Afebréck bauen an driwwer klammen, Feier-Atelier, Pack-Alu a vill gemittlech Zesummesinn. An eiser Photogallerie kënnt der eng Selektioun vu Photoen doriwwer gesinn.

AvEx Knuetspanneau

D’AvEX hunn an deene leschte puer Versammlungen un dësem Konschtwierk hei geschafft. Zil ass et fir wichteg Scoutskniet op eng flott Art a Weis duerzestellen an an engems eise Versammlungssall ze decoréieren.

Walfer Guiden a Scouten

Wëllkomm bei de Walfer Guiden a Scouten!