Grupp MAHATMA GANDHI WALFER

Wanderkiermes / Gourmet Walk

Schreift iech an fir eis Wanderkiermes — Incrivez-vous pour notre marche gourmande — Register for our Gourmet Walk

 

Umellung just gefrot fir d’Wanderung, net néideg fir d’Kiermes beim Chalet!

Registration only required for the walk, not necessary for the Kiermes at the Chalet!

Du wëlls an d'Scoute kommen? You want to join the scouts?

Du wëlls Outdoor & Adventure hautno erliewen an deng kierperlech a geeschteg Limiten erweideren?
Du wëlls Verantwortung fir däi Liewen iwwerhuelen an däin Deel zu enger besserer Welt bäidroen?
Du wëlls raus an d’Welt kommen an eenzegarteg Erfahrungen erliewen?

Da bass de genee richteg bei eis. Schreif eis op info@walfer.lgs.lu, op Facebook, op Instagram oder komm einfach op enger Versammlung vun eis laanscht. Mir freeën eis op dech.

You want to experience outdoor adventures and extend your physical and mental limits?
You want to take responsability for your life and contribute to a better world?
You want to explore the world and make unique experiences?

Then you are very welcome to join us. Write us at info@walfer.lgs.lu, or on Facebook and Instagram, or just come to one of our meetings. We are looking forward to meeting you.

Wat ass bei eis lass? What’s up at the moment?

[tribe_events view=”month”]

Kontaktéier eis! Contact us!

10 + 1 =

Iwwert eis:

D’Walfer Guiden a Scouten gehéieren zum Verband vun de Lëtzebuerger Guiden a Scouten. Eise lokale Grupp besteet aktuell aus 85 Memberen, déi dem Alter no an de Branche vu Wëllefcher bis RaRo/Albatross vertruede sinn. All Branche gëtt jeweils encadréiert vun enger benevoler Chefekipp déi an de wöchendleche Versammlungen, op engem Weekendausflug, an um Camp de Kanner a Jugendlechen e villsaitege an ofwiesselungsraiche Programm bidd. Mir sinn en oppene Verräin an all Mënsche ass wëllkomm, bei eis matzemaachen. Kommt roueg bis laanscht kucken op eise Versammlungen oder op enger vun eisen Evenementer wéi z.B. eiser Scoutskiermes oder dem Buergbrennen.

D’Lëtzebuerger Guiden a Scouten sinn dee gréissten edukative Jugendmouvement zu Lëtzebuerg. Eis Missioun ass et, déi Jonk dorop virzebereeden, spéiderhi Responsabilitéit fir sech an anerer ze iwwerhuelen. An deem Sënn bidden eis motivéiert Fräiwëlleg de Jonken en oppene Kader, wou jiddereen aktiv matmaachen a matbestëmmen dierf. Zesummen a Gruppe kann all Eenzelne flott Erfahrunge maachen, Frëndschafte schléissen, sozial Fäegkeete léieren an sech perséinlech weider entwéckelen. Bei den LGS léieren déi Jonk d’Natur ze respektéieren, iwwer sech selwer an hiert Ëmfeld nozedenke fir sech spéider aktiv, och fir anerer, anzesetzen.

 

About Us:

The Guides and Scouts of Walferdange are part of the Lëtzebuerger Guiden a Scouten. Our local group currently consists of 85 members allocated to several subgroups according to their age ranging from the Cubs’ branches up to the Albatrosses. Each subgroup is supervised by a team of voluntary leaders at weekly meetings, expeditions weekends, and summer camps. Members are offered a diverse and multidisciplinary program. Our group is open to everybody who is willing to join us. Be welcome to visit us at our meetings or at our events such as our annual scout feast or the celebration of the winter chasing bonfire.

The Luxembourg Guide and Scout Association is the largest educational Youth Movement in Luxembourg. Our mission is to empower young people, to prepare them for life and make them accept responsibility for themselves and for others. In that sense, we offer our young members and motivated adult volunteers an open space, where everyone can actively participate and take part in decision-making.